De schlëmmsten Deel vun der Covid-19 Kris hu mir hei...
Artikel liesenEis Aktivitéiten

Mir sinn e Veräin fir jiddereen dee
Kommunikatioun, Marketing, Webdesign, Grafik oder Ähnleches studéiert huet an /
oder haut an engem vun deene Beräicher schafft. De Comclub ass vun den Anciens-Studenten vum Elsic (étudiants luxembourgeois en sciences de l’information et de la communication) gegrënnt ginn.
Eis Haaptaktivitéiten sinn:

Organiséieren vu regelméissegen Afterworken a Konferenzen fir d'Membere vum Comclub

Formatiounen a Kommunikatiounen iwwer déi neisten Trends aus eisem Fachberäich

Meetingen tëscht de Comitéë vum Comclub an Elsic fir d'Zesummenarbecht tëscht den zwou Organisatiounen ofzestëmmen. Dorënner fällt ënnert Anerem en alljährlecht Summergrillfest a sech ëm d'Archive vum Elsic këmmeren.
Nächst Events

Blog

An eisem Blog fannt dir Aktualitéiten iwwer eis Associatioun an aus eisem Secteur.
Iwwer de Studentecercle Elsic
De Comclub ass vun den Anciens-Studenten vum Elsic gegrënnt ginn....
Artikel liesenEis Prinzipien

Networking a professionnell Weiderbildung sinn zwee vun de wichtegsten Elementer fir all Persoun déi am Beräich Marketing a Kommunikatioun schafft.
“D’Kommunikatioun an de Marketing zielen mat zu de Grondlagen vun enger erfollegräicher Entreprise.”
Louis Reding, Président
Eis Memberen
Eis Memberen setzen sech zesummen aus fréiere Memberen vum Elsic an aus aner Professionellen aus dem Beräich Kommunikatioun a Marketing zu Lëtzebuerg. Si schaffen am privaten an am öffentleche Secteur zu Lëtzebuerg, oder sinn selwer Entrepreneur.

Eise Comité

De Comité vun eiser Associatioun gëtt all Joer während eiser AG nei gewielt. Den aktuelle Comité setzt sech folgendermoossen zesummen:

Louis Reding
Président

Jacques Fischbach
Vice-Président

Manou Schütz
Trésorier

Dunja Bredimus
Event Manager

Annick Spellini
Administrateur

Yolande Kirsch
Administrateur
Let's meet !

Du bass um Comclub interesséiert? Mir organiséiren regelméisseg Events op denens du eis treffe kanns! Komm einfach bis laanscht, och wanns du nach net Member bass!