Corona-Kommunikatioun zu Lëtzebuerg

De schlëmmsten Deel vun der Covid-19 Kris hu mir hei zu Lëtzebuerg hoffentlech hannert eis, a lues a lues entwéckelt sech den Deconfinement phaseweis weider.

Dat mir nach eng länger Zäit mam Virus ze liewe léiere mussen, schéint der Wëssenschaft no relativ sécher ze sinn. Dat huet och d’Welt vun der Kommunikatioun séier erkannt, an déi Lëtzebuerger Marken an Acteuren hu gewisen, wéi flexibel an upassungsfäeg si sinn.

An dësem Artikel hunn ech dofir e puer Beispiller erausgepickt, an dat aus méiglechst ënnerschiddleche Beräicher.

Orange

#MirBleiwenZesummen: Deene Leit déi keng digital Outil’en benotze kënne fir mat hire Bekannten a Kontakt ze bleiwen de Confinement manner schwéier maachen. Dat war d’Zil vun Orange Lëtzebuerg mat hirer Campagne, déi schonn a Frankräich gelaf ass, a mat Hëllef vun der Agence Mikado fir de Lëtzebuerger Marché ugepasst gouf.

Rout Kräiz Lëtzebuerg

#HëlleftEisHëllefen – Dësen Hashtag thematiséiert der Lëtzebuerger Croix Rouge hir Campagne fir Don’en ze sammelen.

Mat engem fonkelneien Internetsite an enger ëmfangräicher cross-canal Kommunikatioun sollen esou trotz dem Lockdown déi noutwendeg Spenden erakommen, fir dat d’Rout Kräiz och weiderhin eise vulnerabelste Matmënsche kann hëllefen.

Voyages Emile Weber

Den 12. Mee huet Emile Weber eng nei Kommunikatiounscampagne mam Numm #GettingReady lancéiert, mam Zil fir d’Leit dozou ze beweegen, ze weisen dat si et net kënnen ofwaarden endlech rëm ze reesen.

D’Campagne, déi vun der Agence Concept Factory realiséiert gouf, baséiert sech op e Reklammespot mat geschéckt gewielte Wieder.

Zousätzlech gouf op Instagram e Concours gestart wou d’Leit konnten eng Foto deele wourop si mat Saache vun doheem weise wéi vill si dovun dreeme rëm an d’Vakanz ze kënnen.

Gemeng Mamer

Säit dem 14. Mee organiséiert d’Gemeng Mamer en “Drive-in” Open-Air Kino.

Zesumme mat Caramba gouf um Parking vum Bauhaus e groussen (15m x 6m) Ecran installéiert, wou bis den 2. August a vu Mëttwochs bis Sonndes ëmmer um 9 Auer Owes Filmer fir all Altersgruppe gewise ginn.

Kommunikatiounstechnesch hunn d’Marken hei d’Méiglechkeet iwwert d’Regie IP hir Reklammen ze schalten.

Weider Infoen iwwert de Mamer Autokino fannt dir hei: http://www.mamer.lu/autokino/

Losch

Och mat vergläichsweis einfache Mëttele kann ee senge Clientë weisen dat ee fir si do ass. Mam Hashtag #NeverStopDrivingDreams adaptéiert Losch Lëtzebuerg seng Signature “Driving Dreams” fir d’Réouverture vun hire Showroomer unzekënnegen a schneit fir de Spot “Our lives may Stand still. But we don’t.” markenintern produzéiert Videomaterial zesummen.

MarkCom & Espace Pub

Fir d’Marken zu Lëtzebuerg dozou ze beweege fir ze kommunizéieren, huet d’Fédératioun vun de Kommunikatiounsagencen zu Lëtzebuerg (MarkCom) an d’Federatioun vun de Publicitéits-Regien (Espace Pub) eng Campagne lancéiert. Dofir goufen 2 Annoncen entwéckelt, wou déi éischt mat der Bedeitung vum Vide spillt an déi zweet mat der Wichtegkeet dat d’Marken no bei hire Clienten bleiwen. Kuckt se iech einfach selwer un:

Manou

Corona-Kommunikatioun zu Lëtzebuerg

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Scroll to top